UPDATE 5/9/2026 PILATES: Les deux cours de Pilates (mercredi soir et vendredi matin) sont complets. / Die beiden Pilates-Kurse (mittwochsabends und freitagsmorgens) sind ausgebucht.

Konditioune fir bei SBE-Aktivitéite matzemaachen
SBE proposéiert:
1. Atelieren/Konferenzen an aner Aktivitéiten, déi punktuell sinn an sech net iwwer e ganz Trimester erstrecken: Jidderee kann deelhuelen, mee wien (Éiere-)Member vun SBE ass, kritt eng Reduktioun op de Präis fir dës Aktivitéiten.
2. Sportscouren, déi wärend der ganzer Saison stattfannen a pro Trimester bezuelt ginn*: Deelhuele kann een nëmme, wann een sech mat dem Online-Formulaire (Button ënnen op deser Säit) umellt.

1 Schnuppercours/Sportscours/Persoun ass gratis.

Fir Member ze ginn, fëllt een de Formulaire aus, wielt déi gewënscht Sportscours-Abonnementer* aus a bezuelt eng Cotisatioun pro Saison (September-September). Dofir gëtt eng Rechnung geschéckt, also näischt virdrun iwwerweisen!
Et gëtt follgend Aarte vu Memberschaft:
– Individuell Memberschaft oder Familjememberschaft “Monoparental”: 10 EUR
– Familjememberschaft (fir Leit, déi am selwe Stot wunnen; Kanner, déi nach Studente sinn an un enger anerer Adress wunnen, sinn och abegraff): 15 EUR
– Éierememberschaft: 10 EUR

Virdeel “Multi-Abonnement”:
– 1. Abo/Persoun: volle Präis
– 2. Abo/Persoun: Reduktioun vu 50 EUR/Trimester
– 3. Abo/Persoun: gratis

Wichteg ze wëssen: D’Bezuelung vun der Member-Cotisatioun pro Saison ass eng obligatoresch Ufuerderung fir d’Sportsabonnementer an deckt eng Haftflichtversécherung op de Cours-Lokalitéiten of. D’Responsabilitéit vun SBE fänkt mat Betriede vun der Cours-Lokalitéit un.Weidere  Virdeel vun der Memberschaft ass eng Reduktioun op Atelieren/Konferenzen etc. D’Aschreiwung vu Mannerjäregen duerch en Erzéiungsberechtigten iwwer de Formulaire gëllt als “Autorisation parentale”.

*D’Aschreiwung fir e Sportscour gëllt fir d’ganz Saison. Dir kënnt Äre Sports-Abonnement nëmmen trimesterweis ofmellen, an zwar net méi spéit wéi um Enn vum viregten Trimester, a musst dëst schrëftlech un inscription@sbe-asbl.lu maachen. Merci!

Scroll to Top